Attributiounen

D'Administration des ponts et chaussées ass, an de Limitte vun de bestoende Gesetzer a Reglementer, fir Héich- an Déifbauaarbechten am Optrag vum Staat verantwortlech.

Se huet ënner anerem folgend Attributiounen:

Am Optrag vum Staat

  • Bau, Ënnerhalt a Moderniséierung vum Netz vun den Haaptverkéiersweeër;
  • Gestioun vum Verkéier am Netz vun den Haaptverkéiersweeër a Sécherheetsiwwerwaachung an den Tunnellen;
  • Bau, Entwécklung an Ënnerhalt vun de Staatsstroossen an den Installatiounen, déi dozou gehéieren;
  • Ausstelle vu Permission-de-voirien an Erfëlle vun den Aufgabe vun der Police de la voirie de l'Etat;
  • Iwwerwaachung an Ënnerhalt vun de Waasserkraaftanlagen un der Uewer- an Ënnersauer, esou wéi vun de Staudämm a Schleise vum schëffbare Kanal;
  • Installatioun an Ënnerhalt vun der ëffentlecher Beleuchtung am Netz vun de Staatsstroossen;
  • Regelméissege baulechen Ënnerhalt vum schëffbare Kanal an den Ufere vun der kanaliséierter Musel an dem Mäerterter Hafen;
  • Bau an Ënnerhalt vu bestëmmten Infrastrukture vum Lëtzebuerger Fluchhafen.

Am Optrag vun de Gemengen, an de virgenannte Limitten

  • Ausféiere vu Projeten an Iwwerwaachung vun den Aarbechten um Netz vun de Gemengestroossen an den Installatiounen, déi dozou gehéieren.

Am Optrag vum Staat an de Gemengen

  • Analysen an Tester vu Baumaterialien;
  • Aarbechten am Beräich vun der Geologie an der ugewannter Geologie;
  • Topographesch a photogrammetresch Moossnamen am Kader vun den Héich- an Déifbauaarbechten.

Lëscht vun de Servicen, déi d'Stroossebauverwaltung de Gemengen ubitt

Mat der interner Reorganisatioun vun der Stroossebauverwaltung, wou ënner anerem déi zwou Kläranlage vu Biereng/Miersch a Bleesbréck/Dikrech an de Kompetenzberäich vun der Gemeng gefall sinn, an no der Grënnung vun enger Rei interkommunale Syndikater, déi an hiren Attributiounen entweder d'Sammelen an d'Kläre vun den Ofwässer oder d'Versuergung vun den Uertschafte mat Drénkwaasser hunn, an nom Ofschafe vu bestëmmten Eenheete vun der Divisioun fir Waasser vun der Stroossebauverwaltung, kënnen an Zukunft verschidde Servicen de Gemengen net méi ugebuede ginn. Hei handelt et sech ëm:

  • Projete fir Kläranlagen (*);
  • Projete fir d'Aféieren oder den Ausbau vun Drénkwaasserversuergungsnetzer (Haaptwaasserleitungen, Pompelstatiounen) a Waassertierm oder Waasserbehälter (*);
  • Erkennen a Beseitegung vu Fuitten;
  • Depistage a Markéierung vun den ënnerierdesche Leitungen;
  • Iwwerwaachung aus der Distanz vun den Drénkwaasserbehälter
  • Bereetstelle vu Pläng fir Netzer oder ënnerierdesch Infrastrukturen.

(*) Um Territoire vun der DVD, dee sech aus de Kantone Clierf, Dikrech, Iechternach, Réiden, Wolz a Veianen zesummesetzt, kënne méi kleng Projeten duerchgeféiert ginn, fir déi Gemengen, déi net iwwert en eegene Service technique verfügen an net Member vun engem interkommunale Syndikat sinn, deen a sengen Attributiounen d'Sammelen an d'Kläre vun den Ofwässer huet.

Als Géigeleeschtung ass d'Stroossebauverwaltung bereet, de Gemengen a villen aneren technesche Beräicher, déi an dësen hiren deeglechen Aarbechtsberäich falen, ënnert d'Äerm ze gräifen.

Fir einfach Rotschléi, z.B. am Beräich vun de Permission-de-voirien oder de Beplanzungsgenehmegungen, brauch ee sech nëmmen un de Preposé vum zoustännege Service ze wennen. Allerdéngs kënne Projeten oder Aarbechten, déi op d'Material vun der Stroossebauverwaltung ugewise sinn, nëmmen op Basis vun engem formelle Beschloss vum Gemengerot, deen iwwert de Bauteminister iwwermëttelt gëtt, ausgeschafft ginn.

D'Stroossebauverwaltung kann nëmmen op Ufroen äntweren, wann dat néidegt Personal a Material an de jeeweilege Servicen zur Verfügung steet.

D'Stroossebauverwaltung bitt keng Déngschtleeschtungen, déi op den Asaz vu private Mëttel ugewise sinn.

Hirersäits freet d'Administration des ponts et chaussées déi kommunal Autoritéiten am Beräich vun de Permission-de-voirien ëm Hëllef, fir datt se hir Bierger driwwer informéieren, datt se fir déi Bauaarbechten, déi se op engem Terrain laanscht eng Staatsstrooss wëllen duerchféieren, eng Genehmegung vun der Stroossebauverwaltung mussen ufroen. Zu dësem Zweck gëtt eng ausféierlech Begrënnung ugespéngelt.

Aktualiséiert