Historique

Wéi Lëtzebuerg 1839 onofhängeg ginn ass, hat d'Land en äusserst bescheident Stroossennetz vu knapp 200 Kilometer befuerbare Weeër, déi zu allem Iwwerfloss gréisstendeels an engem jämmerlechen Zoustand waren. Déi wéineg Stroossen, déi et gouf, waren duerch agebrache Brécken ënnerbrach, hunn sech scho bei klenge Reeschaueren a regelrecht Suppe verwandelt, ware mat Rëss duerchzunn oder ware ganz einfach ze enk fir grouss Gespänner, an hunn deemno de Verkéier schwéierfälleg, wann net onméiglech gemaach.

D'Ënnerbriechung vum Verkéier während de laange Wanterméint an déi horrend Transportkäschte waren e gréisseren Engpass fir déi national Wirtschaft. An nach schlëmmer: déi fehlend Kommunikatiounsweeër haten als Konsequenz, datt vill Uertschafte bal komplett isoléiert waren. Wéi eng Blockad huet de Verfall vun de Stroossen d'Land schwéier belaascht.

Opbau vun engem kohärente Stroossesystem

Aus dësem Grond hunn d'Autoritéite misse reagéieren. Allerdéngs huet den Opbau vun engem kohärente Stroossesystem eng Verwaltung virausgesat, déi dësen Erausfuerderung gewuess war.

„D'Administration des travaux publics gëtt mat der Planifikatioun vu Projeten, der Leedung an der Iwwerwaachung vun de Bauaarbechten, déi am Optrag vum Staat duerchgeféiert ginn, beoptraagt. (...) Doriwwer eraus gëtt dës Verwaltung beoptraagt, fir d'Ausféierung vun de Gesetzer a Reglementer [sic] an de Minnen, de Grouwen, de Steebréch, de Fabricken, de Waasserleef an de schëffbare Gewässer (...) ze suergen a se ze kontrolléieren.“

D'Gesetz vum 6. Abrëll 1843

D'Loi organique vum 6. Abrëll 1843, déi déi grouss Linne vun den Aarbechtsberäicher vun der Administration des travaux publics festleet, huet de Prinzip vun der Zentraliséierung vun den techneschen Divisioune verankert. Doduerch huet se eng besonnesch Struktur geschaf, déi fir Europa eenzegaarteg war, well et soss néierens en technesche Service gouf, deen ënnert engem Daach Fonctionnairen hat, déi sech gemeinsam ëm d'Beräicher Stroossebau, ëffentlech Gebaier, Waasserbau, Biergbau, asw. gekëmmert hunn. D'Schafe vun deem éischter ongewéinleche Regime war vum Wëlle gepräägt, „déi al Usagen a Gewunnechte vum Land“ un déi geopolitesch Lag, déi aus dem Londoner Vertrag vun 1839 ervirgaangen ass, unzepassen. No der drëtter Opdeelung war den Territoire vum Groussherzogtum ze kleng a seng Finanzmëttel ze geréng, sou datt ee sech de Luxus fir autonom spezialiséiert Departementer anzeféieren net leeschte konnt.

Well d'Administration des travaux publics d'Aufgab hat, un der Opstellung vun de Budgetsprevisiounen an dem Ausschaffe vun allméigleche Gesetzestexter matzewierken, huet se missen d'Pläng an d'Devisë fir déi nei Bauaarbechten opstellen, fir den Entretien vun de bestoende Stroosse suergen, den Zouschlag vun den Aarbechten organiséieren, d'Materialien entgéinthuelen an déi fäerdeg Bauwierker iwwerpréiwen. Doriwwer eraus huet se missen eng streng Opsiicht iwwert d'Stroossennetz ausüben, andeems se regelméisseg Inspektiounsronnen duerchgeféiert huet.

D'Opdeelung vum Land an zwee Bezierker

Fir all dës Ziler ze erreechen, ass d'Land an zwee Bezierker opgedeelt ginn. Un hirer Spëtzt stoung jeeweils een Ingenieur. Deen een hat an der Stad säi Sëtz, an deen aneren, zu Dikrech. All Bezierksingenieur hat Bauleeder, Schüler oder temporaire Hëllefen an eng Rei Cantonnieren ënnert senger Opsiicht.

D'Eenheet vun der Verwaltung gouf vun engem Chef-Ingenieur garantéiert, deen am Hôtel de Gouvernement an der Haaptstad säi Sëtz hat. Kuerz gesot, d'Gesetz vum 6. Abrëll huet en Organ virgeschloen, dat wéinst senger Einfachheet erausgestach ass: eng hierarchesch Institutioun, déi rationell strukturéiert war a relativ wéineg Mëttel an Usproch geholl huet, fir ëmfangräich Aufgaben ze erfëllen.

De Verkaf vum Gréngewald

Dank dem ausseruerdentlechen Erléis vum Verkaf vum Gréngewald, konnt de Staat sech voll a ganz engem éiergäizege Stroossebauprojet widmen, deen de gesamten Territoire mat engem Reseau vu grousse Verbindungsachsen a Form vun engem Spannennetz ronderëm d'Stad ofgedeckt huet.

D'Netz, dat mat Verbindungsstroossen op d'Garë vervollstännegt ginn ass, ass an de 1860er Jore fäerdeggestallt ginn. D'Rekordbauzäit vun engem Véierelsjoerhonnert hat an der Moyenne tëschent 20 a 25 % vum gesamte lëtzebuergesche Staatsbudget an Usproch geholl. Dës onvergläichlech Efforten hate sech aus der Noutwendegkeet erginn, engersäits eng Verbindung tëschent den Haaptstied vun de Kantonen hierzestellen, an anerersäits d'Verbindung mat Däitschland ze garantéieren. Zanter datt Lëtzebuerg 1842 dem Zollveräin bäigetruede war, war dës Verbindung mat Däitschland e prioritäert Uleies, virun allem fir d'Oprechterhale vun den Aktivitéiten am Stolberäich.

Fortschrëtt dank der Administration des travaux publics

Déi progressiv Verbesserung vun de Kommunikatiounsweeër huet net nëmmen zum laangfristegen Opschwong vun der Industrie bäigedroen, mä huet och d'Wäiche gestallt fir Fortschrëtter an der Landwirtschaft opgrond vun der Ënnerstëtzung duerch d'Administration des travaux publics vun de Gemenge bei der Sanéierung vun de Vizinalweeër.

Ab der Revolutiounszäit vun 1848 haten d'Regierungen d'Gewunnecht, de Gemenge finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen, entweder duerch Bäihëllefe fir den Ënnerhalt vun de Bewirtschaftungs- oder Entsuergungsweeër oder andeems d'Käschte fir de Bau vu grousse Verbindungsweeër tëschent de Gemenge vun de Staatskeesen iwwerholl gi sinn. Dës Politik vun der Duerchdréngung vun de ländleche Géigenden, déi zu hirer Erschléissung an och dem Zesummerécke vun de Mënschen, déi vun dunn un eng Natioun gi waren, bäigedroen huet, huet hiren Héichpunkt ab 1874, erreecht, wéi de Staat mat der Ëmsetzung vum Programm vun de Chemin-reprisen ugefaangen huet.

D'Opkomme vum Autosverkéier

Uganks vum 20. Joerhonnert hunn d'Autoen d'Administration des travaux publics virun eng nei Aufgab gestallt. Vun deem Zäitpunkt un hat déi qualitativ Verbesserung vun de bestoende befuerbare Weeër Prioritéit, well de Verkéier, deen ëmmer méi dicht ginn ass, an d'Verstäerkung vum Wuerentransport den Ausbau vun der Infrastruktur absolut noutwendeg gemaach hunn. Aus deem Grond huet d'Verwaltung sech der Aufgab ugeholl, den Ënnerbau vun de Stroossen ze erneieren, d'Duerfweeër mat Paweesteng ofzedecken an déi meescht genotzte Stroossen ze asphaltéieren.

Nom Krich

Dëse Projet, dee progressiv duerchgeféiert gouf, well e grouss budgetär Efforte virausgesat huet, gouf stënterlech duerch d'Besatzung duerch den Nazi-Regime ënnerbrach.

No der Befreiung war Lëtzebuerg total verkomm. Virun allem de Norde vum Land war duerch déi schro Kämpf vun der Ardennen-Offensiv, déi vill Gebaier zerstéiert oder ferm beschiedegt hat, verwüüsst ginn. Méi wéi honnert Brécke ware gesprengt ginn an d'Stroossennetz konnt wéinst de Bommentriichter net méi befuer ginn. Et huet praktesch alles misse frësch opgebaut ginn. 1950 konnt de verantwortleche Minister kaum seng Freed zeréckhalen, wéi hie bekanntgemaach huet, datt d'Rekonstruktioun ofgeschloss war. An nëmme fënnef Joer waren déi dréngendst Aarbechten ofgeschloss ginn.

D'Reorganisatioun

Den Erfolleg vun der Rekonstruktioun ass Hand an Hand mat der Reorganisatioun vun de Verwaltungsstrukture gaangen. Déi fréier Zentraliséierung vun der Administration des travaux publics, déi sech a fréieren Zäite bewäert hat, war net méi zäitgeméiss. Wéinst deene villen Exigenzen, déi déi modern Zäit matsechbruecht huet, goufen duerch eng groussherzoglech Veruerdnung vum 17. September 1945 d'Servicen, déi fir den ëffentleche Stroossebau zoustänneg waren, duerch d'Administration des ponts et chaussées ersat. Domat ass e Prozess zu Enn gaangen, deen am virege Joerhonnert ugefaangen hat, wéi d'Ernennung vum Architekt Charles Arendt de Wee fir eng méi staark Spezialiséierung vun den techneschen Divisioune fräigemaach hat.

Säit der Mëtt vum 19. Joerhonnert war et duerch déi vill staatlech Gebaier, déi gebaut goufen, noutwenneg ginn, e spezielle Poste fir e Fachmann bannent der Administration des travaux publics ze schafen. An enker Zesummenaarbecht mat sengem Virgesetzten, dem Chef-Ingenieur Albert Rodange, huet de Charles Arendt d'Pläng fir eng beandrockend Zuel vun ëffentleche Gebaier ausgeschafft. Doriwwer eraus huet hie sech och ëm d'Restauratioun vun historesche Gebaier, dorënner den Dënzelt zu Iechternach an d'Feudalschlass zu Veianen, gekëmmert. Wéi hien 1897 a Pensioun gaangen ass, huet hie seng Plaz dem Prosper Biwer iwwerlooss, deem ab 1905 de Sosthène Weis gefollegt ass, e Mann, deen déi meeschte Lëtzebuerger virun allem wéinst sengen Aquarelle kennt.

D'Dezentraliséierung

D'Tendenz zur Dezentraliséierung an dem Schafe vun engem spezielle Service, dee sech exklusiv ëm Froen am Beräich vun der Architektur këmmert, huet am Laf vun de Joren zougeholl. D'Entwécklung huet 1910 zur de-facto-Spléck vum Service vum Staatsarchitekt, wouraus déi haiteg Administration des Bâtiments publics entstanen ass, geféiert. Genee wéi d'Stroossebauverwaltung bilt dës Administratioun säit dem Enn vum Zweete Weltkrich eng selbstänneg Verwaltung ënnert der Autoritéit vum Bauteminister.

Déi zwou Verwaltungseenheeten hate mat enger adequater Struktur all d'Atouten, fir den Erausfuerderunge vun der moderner Welt gerecht ze ginn. Déi divers Konsequenze vum séiere Wuesstem vun der Bevëlkerung an de Joren nom Krich an déi allgemeng Erweiderung vun de staatleche Kompetenzen hunn d'Administration des bâtiments publics gezwongen, hir Aktivitéiten op d'Renovatioun an den Ausbau vun der sozialer Infrastruktur, de Schoulgebaier an de Gebaier fir déi verschidde Ministèren an aner Servicen ze konzentréieren.

Den Opbau vun Europa

Säit dem Ufank vun der europäescher Konstruktioun an de 1950er Joren ass de Bau vun de Raimlechkeete fir d'Fonctionnairë vun der Gemeinschaft dobäikomm. An dësem Kontext huet d'Garantie-Gesetz aus dem Joer 1970 e flexibelen an effikasse Kader virginn, deen et der Administration des bâtiments publics erlaabt huet, de Bau vu Gebaier virzefinanzéieren, woubäi de Staat d'Garantie locative an d'Annuitéiten iwwerholl huet. Dës speziell Finanzéierungsform ass z.B. fir de Bau vum Hémicycle vum Europäesche Parlament, d'Konstruktioun vum Schuman-Gebai, d'Erweiderung vum Geriichtshaff, asw. um Kierchbierg genotzt ginn.

De Stroossefong

De Stroossebau sengersäits huet mat der Grënnung vum Stroossefong eng ganz nei Dimensioun kritt. Am August 1967 hat déi parlamentaresch Kommissioun, déi geschaf gi war, fir Weeër a Mëttel ze fannen, fir d'Stroosseninfrastruktur un de moderne Verkéier unzepassen, hir Investigatiounen ofgeschloss. D'Resultat vun dëser Ermëttlung war de Virschlag, e spezielle Stroossefong ze schafen, mat deem d'Wäiche fir den Zäitalter vun der Autobunn gestallt goufen. D'Zil war dräifach: déi verschidde Géigende vum Land duerch e barrièrefräie Verkéier zesummenzerécken, déi wirtschaftlech Expansiounschancë vun dëse Regiounen duerch d'Optimiséierung vun hirer Erreechbarkeet ze steigen a Lëtzebuerg un déi grouss Stroossenachse vun de Nopeschlänner unzebannen.

Et stoung vill um Spill: während Europa um Wee vun der Eenegung war, konnt Lëtzebuerg sech et net erlaben, an der Roll vum Zuschauer ze bleiwen a seng eege wirtschaftlech Zukunft a säi Wuelstand op d'Spill ze setzen. Zanter gutt zwanzeg Joer scho war der Stroossebauverwaltung hiert Haaptuleies, hier grouss Usätz konkret ëmzesetzen. Dës Aarbecht ass elo an der Ofschlossphas