Personalberäich

D'Stroossebauverwaltung beschäftegt haut zirka500 Fonctionnairen, 50 Employéen a 640 Salariéen.

D'Fonctionnairë gi virun allem an de folgende Carrièrë rekrutéiert:

  • Agent des domaines (al Bezeechnung: Cantonnier)
  • Artisan
  • Expéditionnaire administratif
  • Expéditionnaire technique
  • Chargé technique (al Bezeechnung: Expéditionnaire technique avec diplôme de technicien)
  • Rédacteur
  • Chargé de gestion (al Bezeechnung: Ingénieur technicien)
  • Chargé d'études (al Bezeechnung: Ingénieur)

Employéë ginn op allen Niveauen agestallt, souwuel fir technesch Aarbechtsplazen, wéi fir administrativ Posten.

D'Salariéë komme gréisstendeels fir Entretiensaarbechten am Stroosseberäich duerchzeféieren zum Asaz.

Am Allgemengen ginn all opë Plaze vun der Stroossebauverwaltung  op der Websäit Govjobs.lu vum Ministerium fir öffentlech Instanzen  (MFP) publizéiert.

Plaze fir Fonctionnaire a Employéë gi ënnert dem Menu POSTULER-> Postes vacants publizéiert. Do fënnt ee och Informatioune  iwwer d'Studiebedingungen an aner Informatiounen déi déi interesséiert Leit erfëlle mussen.

Fir Fonctionnaire ze ginn, muss ee fir d'eischt den Examen-Concours vun der jeweileger Carrière erfollegräich gepackt hunn. All weider Informatioune iwwer den Examens-Concours ginn op der Websäit vum Govjobs.lu ënner der Rubrik EXAMEN-CONCOURS publizéiert.

De Rekrutement vu Salariéë vun der Stroossebauverwaltung gëtt vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte (MMTP) gemaach. Wann néideg, mëscht den MMTP  all zwee Joer eng Rekrutementkampagne fir dësen Zweck. Dës Kampagne gët och op der Govjobs.lu Websäit bei POSTULER-> Salariés ugekënnegt.

Et gëtt drop higewisen, datt ausser fir d'Formatiounsstagen an d'Studentenjobben et zwecklos ass, Bewerbungen un d'Stroossebauverwaltung ze riichten.

 

 

 

Studentenjobben

D'Stroossebauverwaltung bitt all Joer zirka 20 Plazen/Aarbechtsméiglechkeete fir Studenten, fir eng maximal Dauer vu 4 Wochen. Dobäi hu Jugendlecher no der Vollendung vun hirem 17. Liewensjoer, deenen hire Studium an direktem Zesummenhang mat de Missioune vun der Stroossebauverwaltung (besonnesch am technesche Beräich) steet, Prioritéit.

Fir sech fir e Studentenjob kënnen ze bewerben, mussen d'Kandidate bestëmmt Bedéngungen, déi aus dem Lëtzebuerger Aarbechtsrecht an der Reglementatioun vun der Stroossebauverwaltung ervirginn, erfëllen:

  • Alter: Vollendung vum 17. Liewensjoer,
  • Schoulausbildung: Besëtz vun engem gültege Schoulzertifikat; dee vun engem lëtzebuergeschen oder auslänneschen Etablissement ausgestallt ass,
  • Studium an direktem Zesummenhang mat de Missioune vun der Stroossebauverwaltung (am léifsten am technesche Beräich),
  • Maximal Dauer: 4 Wochen d'Joer.

Jonker, déi während der Summervakanz bei der Stroossebauverwaltung wëlle schaffen, an déi déi festgeluecht Bedéngungen erfëllen, kënnen hire Motivatiounsbréif zesumme mat engem detailléierten CV u folgend Adress schécken:

Direction de l'Administration des ponts et chaussées
Service du personnel
38, bd de la Foire
L-1528 Luxembourg
oder per E-Mail op d'Adress recrutement@pch.etat.lu.

Obligatoresch Stagen a Praxissemesteren

D'Stroossebauverwaltung bitt de Studenten d'Méiglechkeet, Praxissemesteren oder obligatoresch Stagen, déi net bezuelt sinn, an hire Servicen ze maachen. D'Thema an d'Aufgaben, déi während dem Stage mussen erfëllt ginn, muss de Student selwer virschloen.

Interesséiert Studente kënnen hir Kandidatur zesumme mat engem CV u folgend Adress schécken:

Direction de l'Administration des ponts et chaussées
Service du personnel
38, bd de la Foire
L-1528 Luxembourg
oder per E-Mail op d'Adress recrutement@pch.etat.lu.

Legitimatiounskaart

All Member vum Personal vun der Stroossebauverwaltung huet eng perséinlech Legitimatiounskaart, mat enger Foto, wou och säin Numm a säi Service dropstinn.

Dës Kaart muss all Mataarbechter op Ufro während dem Ausübe vu senge Funktioune presentéieren.

 

 

 

 

Eng nei Kaart ass den 1. Mee 2017 an Ëmlaf bruecht ginn (Nr. >2044).

Aktualiséiert