Ponts et Chaussées // D’Lëtzebuerger Regierung

D'Administration des ponts et chaussées ass, an de Limitte vun de bestoende Gesetzer a Reglementer, fir Héich- an Déifbauaarbechten am Optrag vum Staat verantwortlech

D'Gesetz vu 2010 an d'Groussherzoglech Reglementer vun 2010 an 2015 definéieren d'Haaptmierkmale vum Aktivitéitsberäich vun der Stroossebauverwaltung.

Niewent der Direktioun huet d'Administratioun eelef Divisiounen an eelef Services régionaux.

Aner wichteg Eenheeten sinn de Fluchhafen, de CITA (Contrôle et d'information du Trafic sur les Autoroutes), de Centre d'intervention et d'entretien vun den Autobunnen an den Service Electro-Mécanique, wéi och d' Baamequipe.

Weiderliesen

Portail des Travaux Publics

Geplangte Baustellen

Interaktiv Tabellen a Kaarten um Portal vun der Stroossebauverwaltung, wat déi aktuell an zukünfteg Baustellen ubelaangt, fir d'Nationalstroossen (N) an  Autobunnen (A)