L' Administration des ponts et chaussées fêtent leur 175e anniversaire

 

L’Administration des ponts et chaussées a fêté le lundi 2 juillet 2018 son 175e anniversaire lors d’une séance académique. L’évènement a eu lieu à l’European Convention Center Luxemburg en présence notamment du Grand-Duc Henri. 

Quelques extraits de l'allocution de Monsieur Roland FOX, directeur de l'Administration des ponts et chuassées, à l'occassion de la commémoration du 175e anniveraire de l'Administration des ponts et chaussées.:

"Leif Leit an Invitéeën alleguer,

Ponts et Chaussées, Froezeeche?

Dat ass haut eng Verwaltung mat - nëmmen - 1200 Leit, déi e Réseau vun 2900km Stroossen betreien.

Mat eisem Budget vun iwwert 300 Milliounen Euro verschaffe mer all Joer bal 200 Milliounen Euro Investissementer am Entretien, der Maintenance, dem Neibau oder dem Ëmbau."

...

"Virun 175 Joer stoungen, och am Infrastruktur Beräich, grouss Défis‘en un. An si konnte gemeeschtert ginn.

Den Défis’en vun haut, enger oppener Zukunft, notamment am Beräich vun den Technologien,  musse mer eis stellen, a kënnen dat ugoen am Bewosstsënn vun eiser Vergaangenheet, an dem Wee dee gemeet gouf!"

...

"Der Verwaltung hire Cahier des Charges war kloer: si hat als Aufgab, sech ëm de gesamte Genie civil ze këmmeren. Héich qualifizéiert Techniker goufen an enger hierarchischer Struktur no bürokratesche Prinzipien organiséiert. Si hu missen d'Programmatioun vun den Aarbechten, hier Qualitéit an d'Finanzen am Grëff halen.

Des Job-Description passt haut och nach."

...

"1967: D'Acteuren aus de Économie hätte gären Verbindungen zu den Autobunnen vun den Nopeschlänner gehat. De Fonds des Routes gouf an d'Liewe geruff, des nei Grande Voirie krut e spezielle Statut an en neien Finanzéierungsmodus. Den Autobunnsprogramm vun 150 Kilometer sollt an 10 Joer realiséiert ginn!

De Staatsrot - ganz ongedëlleg - huet dësen Délai als “assez long” bezeechent.

D’ “Erwaardung”, fir de Réseau séier a Betrib ze huelen war do, an eent nom aneren sinn d'Autobunnen Stéckweis gebaut ginn, am Rhythmus vun den Décisiounen, an vun de Moyens’en, di hu missen zur Verfügung gestalt ginn. D’Nordtrooss war 2015 fäerdeg, an d’Saarstrooss d'lescht Joer vu Beetebuerg bis ob Schengen als Autobunn duerchgängeg befuerbar.

No 50 Joer Fonds des Routes hu mer haut en Autobunnsréseau vun 165 Kilometer, an et muss weider u senger Optimisatioun geschafft gin. Plazeweis generéieren d’Kapazitéitsengpäss en onerträgliche Schläichverkéier duerch d'Uertschaften, di deelweis no Loft schnaapen an deem gäre lass wieren."

...

"Di rezent Ouverture vum Staater Contournement hat 1996 de Startschoss ginn zum Réaménagement vun der Haaptstrooss um Kierchbierg, ewech vum Leitbild vun der “autogerechten Stad”. Aus der Autobunn gouf e Boulevard urbain. Ponts et Chaussées konnt seng Erfahrungen aus dësem Ëmbauprozess notzen.

Wéi am Minette d'Stolindustrie hier éischte Flächen libéréiert huet, ass de Belval urbaniséiert ginn an den Duerchgangsverkéier a Richtung Frankräich krut en Tunnel.

Och um Ban de Gasperich huet PCh de primäre Stroosseréseau mat entwéckelt an, am Schulterschluss mat der Stad Lëtzebuerg, och a gemeinsame Soumissiounen, realiséiert.

Wéi den Tram bis décidéiert war, ass am Déngscht vun der neier urbaner Mobilitéit ob den neie Boulevard’en alles gemeet ginn, fir d'Assisë prett fir di nei Tramsschinnen ze maachen.

Mat Nerve wéi Tramsschinnen weess PCh, wat do erfuerdert ass, goufen dach ënnert eiser Regie souwuel d’Roud Bréck wéi och d’Nei Bréck an enger Rekordzäit fit fir den Tram gemeet.

Fir di douce Mobilitéit gouf ënnert den neien Iwwerbau vum Pont Adolphe nach eng Passerelle installéiert."

...

"Ponts & Chaussées sinn déi 1200 Leit, di all Hänn voll ze dinn hunn, fir eis Stroossen an Infrastrukturen esou an der Rei ze halen an auszebauen, datt se am Dingscht vum Grand-Duché a vun allen Utilisateuren kënne fonctionnéieren.

Als Direkter sinn ech houfreg drop, esou eng gutt Équipe ze hunn, di konstruktiv matdénkt a matschafft, fir deen Service unzebidden: hinnen all e grousse Merci."

Clip vidéo  - Les Ponts et chaussées fêtent leur 175e anniversaire 

Cérémonie du 175e anniversaire

Réception du 175e anniversaire

Dernière mise à jour